Hei fannt dir Äntwerten op oft gestalte Froen.

Emailen

Wat ass wann ech d‘Email mat den Newsletter net kréien?

An eisem Mailverdeeler sinn alleguer d‘Email Adressen déi Participant, Chef an IST bei der Umeldung uginn hunn. Wann dir d‘Emaile mat den Newsletter an de wichtegen Informatiounen ob eng aner E-mail Adress wëllt (zB. Elteren) da biede mir iech eng E-mail un cmt@wsj2023.sil.lu ze maachen, wou dir déi gewënschten E-mail Adress ugitt a kuerz frot ob dir an de Mailverdeeler kënnt dobäi gesat ginn.
Leider kënne mir E-mailen net un Adresse schécken, déi net bei der Umeldung uginn goufen an soumat net an eisem Verdeeler sinn.

Wéi kann et sinn, dass ech d’ Newsletter fir Norees net krut? Wat heescht dat elo?

Leider ass et esou, dass mir elo schonn puermol gesot kruten, dass een Problem war mat der Zoustellung vun den E-mailen. Et ass schwéier fir eis Differenz ze maachen ob d’Email wierklech ni ukomm ass, oder ob et am Spam ni gesinn an dann no enger Zäit automatesch geläscht gouf. Mir schaffen drun do eventuell kënnen ze differenzéieren an rauszefannen ob tatsächlech een gréisseren Problem besteet.

Wat mir soen kënnen ass, dass mir zu all Moment opgepasst hunn, ob eise Mailverdeeler eis Feelermeldungen gëtt. War dëst den Fall, goufen déi Betraffen vun eisen privaten E-mail Adressen kontaktéiert oder ugeruff. Et gesäit deemno fir eis esou aus, wei wann all Newsletter bei jidderengem ukomm wär.

Wat mir kënnen proposéieren ass, dass dir eng 2. Email Adress ugitt un déi all Informatiounen zousätzlech nach emol geschéckt ginn. Kuckt och onbedéngt ëmmer äre Spam Ordner. Falls dir ob Instagram a Facebook aktiv sidd, abonéiert eis Säiten. Hei posten mir all Kéier wann eng néi Newsletter oder een Rappell verschéckt gëtt.

Et deet eis Leed, dass dir aus iergendengem Grond eng Informatioun verpasst hutt, an iech elo villäicht net méi déi Méiglechkeeten opstinn, déi dir iech erwaart hätt.

Noreess

Wat maachen mir op der Norees?

D`Norees dauert eng Woch an ass eng Kombinatioun aus schéine Landschaften a Stied, Sightseeing, koreanescher Kultur a lokalem Iessen.
Geschlof gëtt a Jugendherbergen oder Hoteler, jee no Disponibilitéit.
Eis Preparatioune fir d`Norees lafen nach an Detailer kommen no.

Wéi gëtt decidéiert, wien eng Platz op der Norees kritt?

JIDDEREEN deen sech innerhalb vun der festgeluechter Deadline (15.6-1.7.22) fir Norees ugemellt huet kritt eng sécher Platz.

Bei all deenen Participant, Chef an IST wou sech no eisem Rappell réischt ugemellt hunn gëllt FIRST COME – FIRST SERVED. Heibäi berécksiichtegen mir awer och wien am Dezember 2021 Virumeldung gemaach huet. Soubal hei eng kloer Auswäertung gemaach gouf, kréien déi betraffen Léit dëst matgedeelt.

Umeldung

Wat ass wann ech mech net provisoresch ugemellt hunn?

Wann s du d’provisoresch Umeldung verpasst hues, ass dat kee Problem. Du kanns dech normal hei um Site umellen.

Wéini ass den 1. Acompte ze bezuelen an domat meng Umeldung definitiv?

Nom 15. Mäerz, also ab dem Moment wann Umeldungen zou sinn, schécke mir d‘Rechnunge raus. Dëst virum 1. Abrëll, wou dann och den 1. Acompte fälleg ass. Wéi an der Newsletter 2 ginn des un d‘Gruppechef oder un individuell Persoune geschéckt, jee nodeem wei vill Léit aus dem Grupp sech ugemellt hunn.
Och mir wësse réischt nom 15. Mäerz wéi vill Leit pro Grupp ugemellt sinn an ob dir d‘Rechnung perséinlech oder iwwert de Gruppechef kritt.
Den Acompte ass awer, wéi an der 2. Newsletter geschriwwen, fir den 1.4 ze bezuelen (an net den 1.3). An der franséischer Versioun vum Newsletter ass heibäi en Feeler geschitt.

Ech hu verpasst mech fir den Jamboree unzemellen! Wat maachen ech elo?

Leider ass et ze spéit fir sech nach fir den Jamboree unzemellen, well all eis Platze scho besat sinn. Mir féieren awer eng Waardelëscht. Falls nach een ofseet, an et nach organisatoresch méiglech ass, ka vun do nach een noréckelen. Mir kennen awer bäi dëser Lëscht net garantéieren, dass an ob een noréckele kann. Wann s du trotzdeem dorun interesséiert bass da kontaktéiert eis op cmt@wsj2023.sil.lu

Präis

De Präis vum Jamboree ass ze deier. Wou hier kennt dëse Präis?

De Präis vun engem internationale Camp feiert ëmmer zu villen Diskussioune bei de Leit an och intern am Staff.

Zum Zäitpunkt wie mir de Präis festgeluecht hunn stoung just 1 Präis fest an fir de Recht hu mir Unnahme missen huelen.
Ons Permise ass et och de Präis léiwer ze héich usetze wéi ze déif.
Nom Jamboree ass et méi einfach de Leit Suen zeréck ze gi wie Suen nofroen se goen.

D’Basis vun onsen Iwwerleeunge waren di läscht Jamboree’en (USA a Japan).

Wat mir dir lo schonns ka soen dass ass dass mir déi 4.000€ net wäerte froen an dass mir wäerte Suen aspueren.

Just nach 2 Erklärunge fir di 500€ Prepaweekend, Gadget a Material respektiv 1.250€ Norees: Di aktuell sanitär Kris (mir wëlle lo dem Virus net Schold ginn) bréngt ons bestëmmt nach e puer Inconnu’en op di mir net virbereet sinn, mee wou mir hoffen dass se net wäerten antrieden. Zu Norees kucke mir et sou bëlleg wie méiglech ze maachen mee halen ons fir de Moment awer gären all Fräiheeten op. Den Transport ass aktuell schwéier anzeschätzen. Zousätzlech huet och d’Unzuel vun de Leit e groussen Afloss op de Präis. Wat mir zu sinn, wat de Präis fir eng Norees oder Material fir de Camp erofgeet.

Rembours-ementer

Wat geschitt wann ech mech selwer vum Camp ofmellen?

Am Fall vun enger perséinlecher Ofmeldung fir de Camp, kritt dir, mat Ausnam vum 1. Acompte, är iwwerwise Suen zeréck. D‘Remboursementer gi réischt nom Jamboree a jee no finanzieller Lag erleedegt. Dowéinst hutt w.e.g e bësse Gedold.

Wat geschitt wann de Camp awer ofgesot gëtt?

An dem Fall wou de WSJ vun der koreanescher Regierung ofgesot gëtt, ginn Käschten zum gréissten Deel rembourséiert (mat Ausnam vum 1. Acompte). D’Remboursementer ginn och réischt getätegt wann mir d’Suen ganz vum Organisateur zeréck hunn. Dowéinst hutt w.e.g e bësse Gedold.

Corona

Kann de Camp an der Pandemie statt fannen?

Mir hoffen all dat bis 2023 Corona Situatioun sech verbessert huet, mee trotzdeem hunn d‘Organisateure vum Jamboree ee sanitäert Konzept ausgeschafft. Ënner anerem wäert all Participant, Chef an IST säin eegent Zelt kréien. Duerfir soen si selwer den Jamboree net of, et kann awer sinn dass déi südkoreanesch Regierung de Camp ofseet.